2
Altesses Royales,
Excellences,
Dir Dammen an Dir Hären,
Et ass Villes an de leschten 6 Méint geschitt an dëst ass net spurlos un eis
laanscht gaang.
Lëtzebuerg steet ënnert dem Drock vun der Welt dobaussen. Eis Exportateuren
leiden ënnert dem extremen Konjunkturabroch op den internationalen Märt. Eis
Finanzplaatz gëtt mat falschen Uschëllegungen duerch den Dreck gezunn. Wier
dat lo nëmmen aus ideologeschen Grënn, dann kéint ee jo verstänneg doriwwer
schwätzen a Mëssverständnisser aus dem Wee raumen. Et ass awer wuel
eischter esou, dass eis gréisste Kritiker och eis gréisste Konkurrenten sinn.
D’Finanzplaatzen New York, London an och Paräis a Frankfurt hunn eis
d’Finanzkriis bruecht, an elo weisen se mam Fanger op eis.
Dass et souwäit komm ass, huet zwou Ursaachen.
Déi eng, dat ass d’Zerbreckelen vum europäeschen Solidariteitsgedanken a
d’Zergrimmelen vum gemeinsamen Bannemaart. Déi aner, dat ass d’Bild vun
eisem Land, wéi et falsch dobaussen duergestallt gëtt. Bei mengen Reesen
hunn ech misste feststellen, dass eist Land de Léit op villen Plazen guer keen
Begrëff ass. A wann se dann eppes iwwer eis wëssen, da mengen se, mir
wieren eng Stad an Däitschland, oder sie denken Lëtzebuerg, dat wier den
Boulevard Royal an den Kierchbierg, zwou Stroossen, wou eng Bank nieft der
anerer steet. Dës Regierung huet erkannt, wei wichteg d’ Promotioun vun eisem
Land ass.
Zesummen mat mengem Kolleg Luc Frieden hu mer zwou verschidden, mais
complémentaire Agencen gegrënnt. Luxembourg for Finance soll erklären, wat
eis Finanzplaz ass, respektiv wat se net ass. Mir musse vermëttelen, dass, och
wa mir elo no OECD Standarden den Informatiounsaustausch praktizéieren, mir
awer wëllen d’Bankgeheimnis heiheem weider bestoe lossen. Dëst ass jo och
net dat eenzegt Argument fir eis Finanzplaz, op déi Lëtzebuerg sech och
weiderhinn kann stéipen.
Luxembourg for Business, déi aner Agence, hëlleft eis, méi efficace am Ausland
ze erklären, dass Lëtzebuerg och en Industriestanduert ass, deen duerch déi
immens héich Qualitéit vun sengen Produkter iwwerzeegt. Mir hunn extrem
dynamesch an innovativ mëttelstännesch Betriber. Mir bidden Servicer un, déi
queesch duerch d’ Welt gesicht an unerkannt sinn.
Luxembourg for Business funktionéiert lo séit engem Joer. Eisen Optrëtt
dobaussen ass seitdem méi professionell ginn an mir vermëttelen esou och méi
vun eiser Kompetenz.
Mir kennen eis keng grouss Campagnen op CNN leeschten. Mir hunn och keen
direkten Zougreff op déi international Wirtschaftspress, fir eisen Standpunkt ze
vertrieden. Mir mussen méi subtil schaffen an probéieren, déi Léit, déi
d’Décisiounen huelen oder se beaflossen direkt, ze erreechen.